Autisme Luxembourg ASBL sicht e Journalist / Redakter (m/w, 20 Stonne/Woch, CDI)
- Du hues eng gutt Fieder?
- Du kanns exzellent Lëtzebuergesch schreiwen?
- Du bass e kreative Kapp an hues Erfarung an der Ëmsetzung vu Kommunikatiounsstrategien a –supporten?
- Du kenns dech gutt mat de soziale Medien aus a bass Expert an der digitaler Kommunikatioun?
- Du hues Freed un der Zesummenaarbecht mat den ënnerschiddlechste Leit?
- Du bass voller Iddien a gees gär voller Dynamik nei Projeten un a behäls dobäi de néidege laangen Otem fir dass déi Projeten och geléngen?
Da bass du genau déi richteg Persoun fir mat eiser Ekipp am Inklusiounsatelier Info-Média de Konterbont, en digitale Magasinn zum Theema Lëtzebuerg an all senge Faarwen a Facetten (konterbont.app) erauszeginn.
Mee och mir hu vill ze bidden:
- E Gehalt konform zum lëtzebuergesche Kollektivvertrag fir de Gesondheets- a Sozialsecteur (SAS).
- Eng Aarbecht an enger multidisziplinärer Ekipp, wou jidderee seng Fachkompetenz matbréngt, fir Leit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.
- Eng Aarbecht mat ëmmer neie Projeten an Erausfuerderungen.
Interesséiert?
Mir freeën eis op deng Kandidatur bis den 31. Januar 2025 op direction@autisme.lu.