D’Ligue Santé Mentale sicht eng chargé de communication (CDD, 40 Stonnen/Woch)

D’Ligue Santé Mentale sicht eng chargé de communication fir e Kontrakt vun 12 Méint mat 40 Stonnen d’Woch. Dir ersetzt eng Mataarbechterin, deen sech am congé parental befënnt.

Wann Dir Leidenschaft fir d’Kommunikatioun hutt an zu enger sënnvoller Missioun wëllt bäidroen, ass dës Plaz fir Iech gemaach!

  • Fir direkt unzefänken

Är Haaptmissiounen:

Strategië fir intern an extern Kommunikatioun entwéckelen an ëmsetzen
Sozial Netzwierker geréieren an animéieren: Inhalt kreéieren, Posts plangen an iwwerwaachen, mat der community interagéieren
Kommunikatiounsmaterialien erstellen (Affichen, Broschüren, Newsletteren, Grafike fir sozial Netzwierker)
Texter schreiwen an upassen (Artikelen, Pressecommuniquéen, asw.)
Matschaffen un der Ëmsetzung an Aktualiséierung vu Websäiten
Mat de Partner aus dem Reseau zesummeschaffen, fir gemeinsam Projeten ze entwéckelen an d’Visibilitéit vun der Ligue ze stäerken

Äre Profil:

  • En zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Kommunikatioun, Marketing oder änlech (BAC +2 oder BAC +3)
  • Exzellent schrëftlech Fäegkeeten
  • Exzellent Kenntnisser am Franséischen, Engleschen, Lëtzebuergeschen an Däitschen, souwuel mëndlech wéi schrëftlech
  • Kenntnisser an Design-Tools (Adobe Illustrator, Photoshop, InDesign, Canva, etc.)
  • Kenntnisser an der Gestioun vu soziale Medie (Facebook, Instagram, LinkedIn)
  • Organisatiounstalent an Erfarung an der Leedung vu Projeten 
  • Teamgeescht, awer och Fäegkeet, autonom ze schaffen
  • Kreativitéit, Genauegkeet a Sensibilitéit fir Themen am Beräich vun der mentaler Gesondheet
  • Eng éischt Erfarung an enger änlecher Roll an/oder Kenntnisser vum Gesondheetsreseau zu Lëtzebuerg sinn e grousse Virdeel

Mir bidden Iech:

  • E multidisziplinäert a motivéierend Aarbechtsëmfeld mat vill Autonomie
  • Eng exigent an ofwiesslungsräich Funktioun an engem engagéierten Team an enger dynamescher Institutioun
  • Eng Remuneratioun no der Kollektivkonventioun CCT-SAS

Är Kandidature, mat engem Motivatiounsbréif, en detailléierten CV an eng Kopie vun ären Diplomer sinn un d’Ligue Santé Mentale ze schécke per Post un 1 Dernier Sol L-2543 Luxembourg oder per E-Mail u jobs@llhm.lu.

Ligue Santé Mentale
1 Dernier Sol
L-2543 Luxembourg