De radio 100,7 ass de Sender fir Noriichten, Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Als Service public steet en am Déngscht vun der Allgemengheet a gëtt vum politesch an ekonomesch onofhängegen ëffentlech-rechtleche Média de service public 100,7 bedriwwen. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.
An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng Marketing Expert:in (Vollzäit).
Roll:
- Responsabel fir d’Definitioun an d’Ëmsetze vun enger datebaséierter Marketingstrategie fir d’Marke radio 100,7 an opus 100,7
Tâchen:
- Definéiere vun der Marketingstrategie vun de Radiosprogrammer, Podcasten, Appen a Websäite vu radio 100,7 an opus 100,7
- Datebaséiert Ënnerstëtzung vun de Verantwortleche vun Inhalter bei der Definitioun vun neien Offeren an hiren Zilgruppen
- Erstelle vu Roadmaps an Zäitpläng fir laangfristeg Marketingstrategien
- An Zesummenaarbecht mat de Verantwortleche fir d’Kommunikatioun an déi digital Kanäl d’Erstellen an d’Ëmsetze vu Campagnen, fir den allgemenge Positionnement ze stäerken an déi spezifesch Zilgruppen ze erreechen
- Aktiv Notzen an Ausbau vun Analytics-Tools fir Date-gedriwwen Optimiséierungen ze proposéieren
- Erkenne vun neie Marketingtechnologien, Duerchféierung vun Analysen zur Identifizéierung vun aktuellen Trends, Best practices an Entwécklunge vum Marché
Wéi eng Fachkompetenze siche mir?
E Master am Marketing, Journalismus, Commerce, Kommunikatioun o. ä.
Beruffserfarung vun op d’mannst 10 Joer, dovunner op d’mannst 5 am Beräich Marketing, idealerweis mat Fokus op digitale Marketing oder Brand Management
Fundéiert Erfarung an der Entwécklung an Ëmsetzung vun organeschen a bezuelte Marketingstrategien
Déift Versteesdemech vu moderne Marketingkanäl an -technologien (Analytics, SEO, SEM, Social Media, CRM, Marketing Automation, etc.)
Gutt Maîtrise vun digitale Kommunikatiounstechniken an Outilen
Redaktionell Kompetenzen an d’Fäegkeet, Inhalt a Format unzepassen
Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech), souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch).
Wéi eng Eegenschafte soll ee matbréngen?
- Sensibilitéit fir journalistesch Aarbecht an Identifikatioun mat de Missioune vun ëffentlech-rechtleche Medien
- Begeeschterung fir sozial Medien an all aner digital Kanäl
- Analytesch Fäegkeeten
- Ausgepräägte Kommunikatiouns- a Presentationsfäegkeeten
- E léisungsorientéierten Usaz, Eegeninitiativ an Teamwork
- En ausgepräägte Sënn fir Prioritéiten, eng strukturéiert Aarbechtsweis an Organisatiounsgeschéck
Mir bidden
- En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
- Kuerz Entscheedungsweeër, e kreative Fräiraum an Eegeverantwortung
- Homeoffice Reegelung
- Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
- Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld
Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 16. Dezember 2024 per Email un rh@100komma7.lu.